Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.357 Artikelen an 125 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … de Meter 1793 als den 10-milliounsten Deel vun der Distanz vum Pol bis bei den Equator vum Äerdmeridian, op deem Paräis läit, definéiert gouf, an e Prototyp vun dësem Meter 1795 a Messeng gegoss gouf?
- … de Konschtturner Josy Stoffel vun 1949 bis 1964 ouni Ënnerbriechung Landesmeeschter am Turne war an u véier Weltmeeschterschaften, sechs Europameeschterschaften a fënnef Olympiaden deelgeholl huet?
- … d'Gare vun Däitsch-Oth an déi vu Wuelmereng zwou Kappgarë vun der CFL sinn, déi a Frankräich leien?
- … de Mitock (Upupa epops) op Lëtzebuergesch och nach Wuppert, Butbutt, Buddert, Buddebutt, Bëschbuppert, Sténkert, Drecksvull, Riffer, Ruppert, Hupp-Hupp oder Witapp genannt gëtt?
- … d'Sandale vu Christus an der Abtei Prüm am Mëttelalter zu de bedeitendste Reliquien an der Géigend gezielt hunn, bis zu Tréier de sougenannten Hellege Rack opgedaucht ass?
Artikel vun der Woch

D'Uelzechtstrooss ass eng Strooss zu Esch Uelzecht. Se huet hiren Ufank op der Stadhausplaz a leeft a südwestlecher Richtung iwwer d'Brillplaz ewech bis op de Prënzeréng. Si huet hiren Numm vun der Uelzecht, déi op hirer ganzer Längt ënnendrënner an engem zouene Kanal leeft. Dëse gouf tëscht 1885 an den 1910er Joren no an no ugeluecht, an de Laf vun der Uelzecht zum Deel ëmgeleet.
D'Uelzechtstrooss ass d'Haaptgeschäftsstrooss vun Esch a gouf bal op hirer ganzer Längt uganks vun den 1990er Joren als Foussgängerzon amenagéiert. Opfälleg sinn déi hellmof ugestrache stolen Dunnen, déi wéi Masten a reegelméissegen Ofstänn liicht ugewénkelt aus dem Buedem stinn.
D'Bebauung ass gréisstendeels aus den zwee éischte Joerzéngte vum 20. Joerhonnert, a sou fënnt ee vill intressant architektonesch Stiler aus där Zäit erëm ... > méi

Op engem 4. Juni

- 1806: Gebuert vum lëtzebuergesche Politiker Vendelin Jurion.
- 1809: De lëtzebuergesche Journalist, Archivist a Politiker Mathias Hardt gëtt gebuer.
- 1872: De lëtzebuergeschen Architekt Alphonse Kemp kënnt op d'Welt.
- 1975: Gebuert vun der US-amerikanescher Schauspillerin Angelina Jolie.
- 1985: Doud vun der lëtzebuergescher Chef-Kächen Hélène Hiertz.
- 1989: Éischt fräi Walen a Polen.
- 1989: D'chineesesch Regierung léisst d'wochelaang Manifestatioun op der Pekinger Plaz vum Himmlesche Fridden (Tiananmen) néiermaachen; dausende vun Doudeger.
- 2005: De Lëtzebuerger Sculpteur Jeannot Bewing stierft.
Kierzlech Verstuerwen

- 4. Juni: Marjane Satrapi, franco-iranesch Schrëftstellerin.
- 29. Mee: Edgar Morin, franséische Soziolog, Philosoph an Auteur.
- 28. Mee: Abed Rabbo Mansur Hadi, jemenittesche Generol a Politiker.
- 25. Mee: Sonny Rollins, US-amerikaneschen Jazz-Saxophonist.
- 23. Mee: Thérèse Liotard, franséisch Schauspillerin.
- 21. Mee: Henri Franck, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
