Perl oder Pica (Roman)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Jhemp Hoscheit sengem Roman. Fir d'Verfilmung mam selwechten Titel, kuckt wgl. Perl oder Pica (Film). |
| Perl oder Pica | |
|---|---|
| Buchstyp | Roman |
| Auteur | Jhemp Hoscheit |
| Ursprongsland | Lëtzebuerg |
| Erauskomm | 1998 |
| Verlag | Éditions Schortgen |
| Sprooch | Lëtzebuergesch |
|
| |
Perl oder Pica ass den Numm vun engem Roman vum Jhemp Hoscheit, deen 1998 bei den Editions Schortgen erauskoum. Et ass dem Hoscheit säin éischte Roman.
Ëm wat geet et?
[änneren | Quelltext änneren]1963 zu Esch-Uelzecht: den Norbert "Norbi" Welscheit ass e Jong vun 12 Joer. Hie geet an d'6. Schouljoer an ass an de Massendénger; säi Papp verkeeft Bicher a reliéis Paraphernalien. Erzielt ginn dem Norbi seng Alldagserliefnesser mat Famill, Kolleegen a Matschüler, mat am Hannergrond dem Kale Krich, engem verdrängten Zweete Weltkrich, an deene sëllegen aneren Tabuen, déi engem virwëtzegen a fantasiebegabte Bouf d'Liewe schwéier gemaach hunn...
Soss
[änneren | Quelltext änneren]Den Titel bezitt sech op zwou Schrëftaarte vu Schreifmaschinnen, tëschent deenen ee sech decidéiere muss.
2006 koum dem Pol Cruchten seng Verfilmung vum Buch ënner dem selwechten Titel an d'Kinoen.
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]Perl oder Pica gouf mam 3. Präis vum Concours littéraire national 1997 (Theema: Romaner) gradewéi mam Prix Servais 1999 ausgezeechent.
Rezensiounen
[änneren | Quelltext änneren]- D'Nathalie Jacoby schreift am Lëtzebuerger Land:[1]
"... dem Jhemp Hoscheit säi Buch liest sech mat der Authentizitéit an der Wouerecht vun enger Biographie, mat der Ironie an dem Aenzwénkeren och vun deem, dee gläichzäiteg Verständnis an Distanz huet. (...) Niewt deem, wat de Norbi erliewt, as dëst och d'Geschicht vun de 60er Joëren zu Lëtzebuerg, enger Zäit, déi nach op esou munch Explikatioun waart."
Bibliographie
[änneren | Quelltext änneren]- Jhemp Hoscheit: Perl oder Pica, Roman. Éditions Schortgen, Esch-Uelzecht, November 1998. ISBN 2-87953-527. Eng gutt hallef Dosen Neioploen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Fiche op autorenlexikon.lu.
- Perl oder Pica bei editions-schortgen.lu.
- Jean-Michel Treinen: "Wéi schreiwt een dat wichtegst Buch vum Joer?." In: d'Lëtzebuerger Land, 46. Jg., nº 29 (16.07.1999), p. 19 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg]. Interview.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Déi wëll Sechzeger. Dem Jhemp Hoscheit säi Roman 'Perl oder Pica'.". In: d'Lëtzebuerger Land, 08.01.1999, S. 13 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg]. Schreifweis vun deemools.
