Clinique Bohler
| Clinique privée Dr E.-Bohler | |
|---|---|
|
Agank an d'Clinique Bohler | |
| Typ | Klinick |
| Lokalisatioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Lëtzebuerg |
| Plaz | Kierchbierg |
| Koordinaten | 49°38'0,344"N, 6°10'37,474"O |
| Um Spaweck | https://www.hopitauxschuman.lu/fr/etablissement/clinique-bohler/ |
| Medezinesch Ariichtung | |
| Opgaangen | 1. Januar 1957 |
| Iwwergeuerdent Organisatioun | Hôpitaux Robert-Schuman |
| Personal | () |
| Betterzuel | () |
| Gebai | |
| Datum vum Bau | 1956 |
| Proprietär | |
|
| |
D'Clinique Bohler ass eng Klinick um Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg, déi an der Gynekologie an an der Gebuertshëllef spezialiséiert ass. Se gehéiert zum Grupp Hôpitaux Robert-Schuman.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]An de Joren 1955/56 huet den Dokter Emile Bohler, Spezialist an der Chirurgie générale an an der Gynekologie, seng Privatklinick op der Areler Strooss an der Stad Lëtzebuerg baue gelooss. D'Clinique privée Dr Émile-Bohler ass den 1. Januar 1957 opgaangen[1] an hat eng Capacitéit vu 45 Better.
Kuerz no der Ouverture war d'Klinick schonn ze kleng an et ass e Fligel ugebaut ginn, deen den 21. November 1959 ageweit gouf. D'Klinick hat zu deem Ament 41 Zëmmere mat 65 Better.[2]
2006 ass d'Klinick vun der Areler Strooss an en neit Niewegebai vum Kierchbierg Spidol geplënnert; d'Clinique Bohler hat deemools 68 Better. De Staat huet e groussen Deel vun der Investitioun iwwerholl, déi sech op ongeféier 25 Milliounen Euro belaf huet.[3]
D'Gebai op der Areler Strooss nieft dem Waassertuerm gouf …[Wéini?] ewechgerappt.
D'Clinique Bohler steet zanter dem 22. Juni 1989 um Plan hospitalier als Institution spécialisée en gynécologie et obstétrique an huet 68 Better.[4]
Bis den 31. Dezember 2005 hat d'Klinick, déi vun der Famill Bohler gesteiert gouf, 150 Mataarbechter an eng Ekipp vu 24 Dokteren an der Medezin.
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Klinik Dr. Bohler (1957). In: Luxemburger Wort, 116. Jg., n° 110/111, Digitised by the National Library of Luxembourg] S. 20 (20.04.1963). Gekuckt de 26.04.2026.
- ↑ (de) Eröffnung des neuen Flügels der Privatklinik Dr Bohler. In: Luxemburger Wort, 112. Jg., n° 328 [Digitised by the National Library of Luxembourg] S. 7 (24.11.1959). Gekuckt de 26.04.2026.
- ↑ (de) Komplett: Die Geburtsklinik wird das Angebot des Spitals auf Kirchberg vervollständigen.. In: Revue, nº 29, [Digitised by the National Library of Luxembourg] S. 11 (17.07.2004). Gekuckt de 26.04.2026.
- ↑ (fr) Règlement grand-ducal du 22 juin 1989 établissant le plan hospitalier national. egilux.public.lu (22.06.1989). Gekuckt de 26.04.2026.
