Op den Inhalt sprangen

Rehazenter

Vu Wikipedia
Rehazenter
Centre national de rééducation fonctionnelle et de réadaptation
Typ Rekaklinick
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Kierchbierg
Adress 1, rue André Vésale
Koordinaten 49° 37’ 41.9’’ N
      06° 10’ 27.4’’ O
Um Spaweck https://www.rehazenter.lu/fr/
Medezinesch Ariichtung
Personal ()
Betterzuel ()
Gebai
Datum vum Bau 19. Dezember 2003
Proprietär

De Rehazenter (Centre national de rééducation fonctionnelle et de réadaptation) ass eng Klinick mat Sëtz um Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg. Den Zenter ass an der Rehabilitatioun vu Patienten no engem Accident oder enger Krankheet spezialiséiert, an ass dofir mat stationären an ambulanten Déngschter ekipéiert.

Seng Missioun ass et, d'Patienten, wa méiglech, erëm mobil a selbststänneg ze maachen.

1978, ënnert dem Impuls vum Dokter Gérard Grenot, deen am Institut régional de réadaptation de Nancy praktizéiert huet, ass zu Hamm am deemolegen Alters- a Fleegeheim de Service de rééducation et de réadaptation fonctionnelle de Luxembourg entstanen. Eng entspriechend Konventioun mat der Krankekeess (Union des caisses de maladie, UCM) huet de Remboursement vun de Behandlungskäschten gereegelt. Ufanks war dee Service nëmmen ambulant fir Aarbechtsonfäll geduecht. D'Hospices civils vun der Stad Lëtzebuerg, d'lëtzebuergesch Onfallversécherung an d'Caisse régionale d‘assurance maladie du Nord-Est de la France hu sech finanziell bedeelegt.

1981 sinn am Heem 12 Better fir dee Service reservéiert ginn. Bis 1996 ass d'Zuel vun de Better op 42 gewuess an dunn huet d'Regierung, op d'Initiativ vum Gesondheetsminister Johny Lahure, entscheet am Frankelach zu Diddeleng en nationale Rehazenter ze bauen. Ufanks gouf d'Realisatioun vun dësem Projet enger Asbl uvertraut, méi spéit, mam Gesetz vum 19. Dezember 2003, enger Gesellschaft vun ëffentlechem Notzen.[1]

No de Wale vun 1999 huet déi nei Regierung sech fir eng aner Plaz entscheet, an zwar de Kierchbierg an der Stad. Den 2. Februar 2007 gouf den neie Rehazenter mat 72 Better ageweit.

De Gérard Grenot († 2021), Dokter an Direktiounsbeoptraagten vun 1978 un zu Hamm a vun 2007 bis zu senger Pensioun 2015 medezineschen Direkter vum Rehazenter um Kierchbierg, war de Pionéier vun der funktioneller Rehabilitatioun zu Lëtzebuerg an de Virdenker vum Konzept „Rehazenter Lëtzebuerg“. Dofir ass den Auditorium vum Rehazenter no him genannt.

Den Zenter bitt all spezialiséiert Déngschter vun neurologescher an orthopedescher Rehabilitatioun no engem Trauma, Accident, enger Operatioun oder Sportverletzung un. Et sinn haaptsächlech medezinesch a psychologesch Betreiung, Kinesitherapie, Ergotherapie, Orthophonie, mat, ënner anerem, Hydrotherapie, Gymnastik an och Konschttherapie.

2024 hat den Zenter 73 Better an 3 therapeutesch Appartementer. 327 Persoune waren do agestallt, dovun eng 10 Dokteren. Si hunn zesummen 456 Patienten stationär an 1745 Patienten ambulant betreit.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Loi du 19 décembre 2003 portant création d‘un établissement public „centre national de rééducation fonctionnelle et de réadaptation“. legilux.public.lu.