Rehaklinick Manternach
| Centre thérapeutique pour toxicomanes de Manternach | |
|---|---|
|
| |
| Typ | Rekaklinick |
| Lokalisatioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Manternach |
| Plaz | Manternach |
| Adress | Syrdallschlass |
| Koordinaten |
49° 42’ 26.658’’ N 06° 24’ 31.237’’ O |
| Um Spaweck | https://www.rehaklinik.lu/centre-therapeutique-manternach/ |
| Medezinesch Ariichtung | |
| Iwwergeuerdent Organisatioun | Centre hospitalier neuro-psychiatrique |
| Personal | () |
| Betterzuel | 25 () |
| Noutopnam | Neen |
| Proprietär | |
|
| |
D'Rehaklinick Manternach[1], offiziell Centre thérapeutique pour toxicomanes de Manternach (CTM)[2], ass en Therapiezenter deen zum ëffentlechen Etablissement Centre hospitalier neuropsychiatrique (CHNP) gehéiert. Den Zenter ass och nach ënnert dem Numm Therapiezenter Manternach oder metonymesch als Syrdallschlass bekannt.
Den CTM ass eng psychiatresch Ariichtung, déi op d'Suchtmedezin spezialiséiert ass.
Enn 2024 hunn am CTM an am CTU zu Useldeng zesumme 445 Leit geschafft, dovun 18 Psychiater oder Neuropsychiater, 4 Kanner- a Jugendpsychiater, 6 Allgemengmedeziner an 2 Dokteren an der Ausbildung.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Therapeutesch Offer
[änneren | Quelltext änneren]Als Rekaklinick behandelt den CHNP Patienten a follgenden Domänen[3]:
- Suchtmedezin
- Angscht- a Stëmmungsstéierungen
- Psychotesch Stéierungen
- Kanner- a Jugendpsychiatrie
- Sozialrechtlech Psychiatrie
- Geriatresch Psychiatrie
An der Rehaklinick Manternach ginn erwuesse Patiente behandelt, déi ënner enger Ofhängegkeet vun enger oder méi psychoaktive Substanze leiden, absënns vun illegalen Drogen oder enger multipeler Drogenofhängegkeet.
Am CTM gi Patienten ënnerstëtzt, mam Zil fir:
- e Verständnis fir hire Suchtproblem an hir perséinlech Geschicht z'entwéckelen;
- e laangfristege Wee fir d'Abstinenz an d'Réckfallpreventioun ze fannen;
- sech op Bewältegungsstrategien ze konzentréieren, déi op Risikosituatiounen ugepasst sinn;
- all potenziell psychesch Begleeterkrankungen ze behandelen;
- hir Autonomie a psychosozial Kompetenzen am Hibléck op d'Erhuelung ze stäerken;
- hir sozial, berufflech a residentiell Reintegratioun virzebereeden.
Gouvernance
[änneren | Quelltext änneren]De Generaldirekter vum CHNP a medezineschen Direkter vun der Rehaklinick Useldeng ass den Dr Mark Ritzen(Stand: Mee 2026)[4].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Rehaklinick Manternach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ eege Schreifweis: Rehaklinik Manternach
- ↑ (fr) Loi du 17 avril 1998 portant création d'un établissement public dénommé « centre hospitalier neuropsychiatrique ». data.legilux.public.lu Art. 3. Gekuckt de 04.05.2026.
- ↑ (fr) Nos 6 domaines de compétences. www.rehaklinik.lu. Gekuckt de 04.05.2026.
- ↑ (fr) Organigramme. www.rehaklinik.lu. Gekuckt de 04.05.2026.
